Eng Schaff fanne geet och ouni Sprooch
Datt ee Flüchtling onbedéngt eng vun eise Sprooche muss kënnen, fir eng Schaff ze fannen, ass eng fix Iddi, déi duerfir awer net onbedéngt stëmmt.
Minusines huet – zum Beispill -virun zwee Joer ee Syrer agestallt, dee just arabesch geschwat huet, mais hie wousst alles vu Schalttafelen. D’Experienz war positiv, de Mann schafft elo nach do a schwätzt mëttlerweil franséisch a lëtzebuergesch. D’Associatioun Touchpoint an de Projet Inter-C hu hu sech zum Zil gesat, Brécken tëscht Flüchtlingen an Entreprisen ze bauen an hinnen ze hëllefen, Barrieren ofzebauen.